E Sonndeg spillt eis éischt Ekipp (21 Punkten) ab 16 Auer zu Wuermer. Dëse Match géint den Tabellenzweeten (27 Punkten) dierft ganz am Kader vun der Revanche stoen. Den Himatch hat d'Ekipp vum Trainer Claude Mangen nämlech am Dieltchen mat 1:4 verluer.

Dobäi haten d'Yellow Boys den 1. Oktober - op Pappendag - vill Kaddoen verdeelt (Bericht). An et war och deemools de Michal Mroch, dee geféierlechsten Wuermer Spiller, deen direkt 3 Goler geschoss hat. Dat gëllt et e Sonndeg ze verhënneren, wann een wëllt d'Punkten mat Heem bréngen.

Mat Ärer Ënnerstëtzung ass um Terrain "Am Ga" villäicht eng Victoire méiglech. Dofir kommt e Sonndeg all op Wuermer!