Veräinsrekord: D’Poussins sinn an der Halleffinall
18/06/2017
Si hunn et tatsächlech gepackt! Eis Poussins stinn an der Halleffinall vun der Coupe des Poussins! An der Véirelsfinall hunn sech d’Jongen vum Trainer Jeff Schmit mat 10:2 zu Bieles behapt. Bieles louch zwëschenzaitlech mat 2:1 vir, mee dunn koum de Weiler Express un d'Rullen. An der Halleffinall spillt Weiler nächste Sonndeg ab 10.30 Auer […] Weider liesen
12 Goler fir de gudden Zweck
17/06/2017Eis Scolaires hunn zu Esch um Event "24 Stonne Fussball vun der Jeunesse Esch" deelgeholl, deen zu Gonschte vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner organiséiert gouff. Géint d´Jeunesse louch Weiler mat 1:0 vir, ass dunn mat 1:4 hanne komm, fir virun der Paus nach op 2:4 ze verkierzen. An der 2. Halschent hunn d'Yellow Boys bei […] Weider liesenEng gutt an eng manner gutt Halschent
17/06/2017Eis Pupilles II hunn am leschte Championnatsmatch vun dëser Saison géint Munnerëf II eng gutt an eng manner gutt Halschent gespillt. No den éischten 25 Minutten stoung et 2:2. Um Enn ass de Match mat enger 2:6-Defaite ofgepaf. De Ball vum Match gouf gestëft vum Fernand Reuter. Weider liesenLeschte Championnatsturnéier vun de Bambinis
17/06/2017Um leschte Spilldag vum Bambinis-Championnat sinn eis zwou Equipen doheem am Dieltchen ugetrueden. Um Enn gouf et e verdéngten Erfolleg fir d'Yellow Boys 1, dëst no engem 1:1 géint Hueschtert, engem 1:0 géint Munnerëf an engem 7:0 géint Weiler 2 vum Trainer Carlo Dorotea. Eis zweet Equipe huet den Tournoi op der 4.Plaz ofgeschloss, no […] Weider liesenD’Pupilles verléieren zu Izeg
13/06/2017Eis Pupilles I hunn hire leschte Championnatsmatch zu Izeg mat 4:8 verluer. An der Paus louch d'Ekipp vum Trainer Claude Komes mat 1:5 zréck, dunn ass se op 3:5 erukomm. Um Enn sollt et awer leider net duergoen. Eis Scolaires hunn en Testmatch mat 4:2 géint Izeg gewonnen. Weider liesen











 





