Een Dag nodeems eis Pupilles hir Géigner fir den 2. Tour am Indoor-Championnat zougeloust kruten, steet fest, dass dësen Samschdes, den 20. Januar, ab 9 Auer zu Weiler iwwer d'Bühn goe wäert. De genaue Programm wäert d'FLF an de nächsten Deeg opstellen.

Déi 3 éischt Ekippen kommen an d'Halleffinall. Nieft der Ekipp vum Trainer Mike Hoffmann, wäerten Menster, Monnerech, Munnerëf, Baastenduerf a Réimech-Bus zu Weiler untrieden.