Eis Seniors II/U23 si leider net an d'Véierelsfinall vun der Coupe des Seniors Réserves agezunn. Zu Munnerëf huet d'Ekipp vum Trainer Orlando da Rocha sech missen mat 0:1 géint de Favorit aus der 1. Klass geschloen ginn.

"Et ass um Enn leider net duergaangen. Mir si gutt konzentréiert an de Match komm. An der 1. Halschent war Munnerëf net geféierlech. Deemno ass et mat 0:0 an d'Paus gaangen. No der Paus huet Munnerëf méi Drock gemaach an hat direkt 2 kloer Golchancen. No 60 Minutten ass den Aussestiermer vu Munnerëf dunn no engem laange Ball eleng virum Gol opgedaucht an huet den 1:0 mat engem Lob geschoss. No deem Gol huet Munnerëf nach 2 100-prozenteg Chancen leie gelooss. 3 Minutten viru Schluss hat de Mirza Ramcilovic den 1:1 um Fouss, mee leider konnt en Ofwierspiller grad nach an de Corner retten. Munnerëf war an der 2. Halschent déi besser Ekipp, mee meng Jongen hunn e ganz gudde Match gespillt", sou den Orlando da Rocha.