Um Sonndeg kréien d'Yellow Boys héije Besuch, opmannst wat de Numm vum Veräin ugeet, well wien erënnert sech net un di erfollegräich Zäiten vum FC Avenir Beggen. 6 Mol waren d'Wiichtelcher Champion, 7 Mol hu si d'Coupe gewonnen.

Dës Zäiten sinn awer längst eriwwer an elo kämpft Beggen, fir net an den Tabellekeller vun der 1. Divisioun ze rutschen. Dës Saison huet d'Ekipp vum fréieren Nationalspiller Benny Reiter 10 Punkte gesammelt a steet op der 11. Plaz an der Tabell. Déi lescht 3 Championnatsmatcher hunn d'Wiichtelcher awer net verluer an dofir gëllt et, opzepassen.

Fir eis éischt Ekipp ass et wichteg, déi 3 Punkten doheem ze halen, fir sech esou weider no vir ze orientéieren.

Kommt all e Sonndeg an den Dieltchen an ënnerstëtzt eis éischt Ekipp am leschten Heemmatch an dësem Joer. HEI ASS WEILER!