- Eis Pupilles II haten am Dieltchen absolut keng Chance an hu mat 2:14 géint d'Entente Gréiwemaacher/Bäerbuerg/Biwer III verluer.

- Eis Minimes hunn et besser gemaach an doheem mat 4:0 géint Eilereng gewonnen. An der Paus stoug et am Dieltchen 1:0. "Déi 1. Halschent hu mir kloer dominéiert an de Ball gutt lafe gelooss. Mir hunn eis vill Golchancen erausgespillt. Déi 2. Halschent hu mir ganz nervös ugefangen, soudass de Géigener ëmmer méi d'Iwwerhand geholl huet. No eise weidere Goler war de Match awer gelaf", sou den Trainer Pascal Schoen, deen och de Ball gestëft huet.

- Eis Scolaires hu sech hirersäits an enger neier Uniform bei der Entente Syrdall mat 6:3 behapt. An der Paus louch Weiler schonn mat 5:1 vir.