Um Freidegowend hunn sech eis Seniors II/U23 fir d'1/16-Finall vun der Coupe qualifizéiert. Géint d'Reserven vun der US Rëmeleng, déi ëmmerhin an der éischter Klass spillen, huet sech d'Ekipp vum Trainer Orlando da Rocha am Dieltchen mat 4:3 duerchgesat. D'Goler hunn de Mirza Ramcilovic (2), Claude Komes a Joel Leal geschoss.

"Et war eng staark Leeschtung. Mir hunn e bëssi méi defensiv an op Konter gespillt. Wat ech awer vun dësem Match besonnesch verhalen, ass den Ekippegeescht an d'Kampfbereetschaft. D'Jongen hunn alles ginn a verdéngt gewonnen. Bravo un d'ganz Ekipp", esou e ganz zefriddenen Trainer Orlando da Rocha.