Eis Seniors II/U23 koumen um Dënschdegowend zu engem 1:1 géint Rëmeleng III. An der Paus louchen d'Yellow Boys mat 0:1 hannen. Am Dieltchen huet de Joé Walter dunn den Ausgläich markéiert.

"Rëmeleng hat eng jonk Ekipp, et war e gudde Match vun deenen 2 Ekippen. Et ass vill gekämpft ginn. Leider hu mir schonn an der 20. Minutt missen auswiesselen. De Marco Borges huet sech un den Adducteuren verletzt. An der 40. Minutt huet de Sven Rohen sech um Knéi verletzt, sou dass mir déi lescht 5 Minutten vun der 1. Halbzeit hu missen zu 10 spillen, an dat huet Rëmeleng genotzt. D'Gäscht sinn an der 44. Minutt a Féierung gaangen. No der Halbzeit huet de Sven dunn nach eng Kéier probéiert weider ze spillen, mir hu gutt gekämpft. An der 65. Minutt ass de Claude Komes fir de Sven agewiesselt ginn. Rëmeleng huet probéiert d'Resultat ze kontrolléieren, eis Spiller hunn awer net opginn a 6 Minutten viru Schluss, huet de Joé Walter per Kappball den 1:1 no engem gudde Fräistouss vum Patrick Oliveira markéiert. De Punkt war fir béid Ekippen ok", sou d'Analys vum Trainer Orlando da Rocha.

E Freideg spillen eis Seniors II/U23 am Dieltchen an der Coupe géint Rëmeleng II. Den Ustouss ass um 20 Auer.