Eieiei! Um Pappendag sinn zu Weiler vill Kadoen verdeelt ginn. Géint Wuermer huet eis éischt Ekipp mat 1:4 verluer. Virun allem d'Aart a Weis wéi dës Defaite zustane koum, huet vill Supporter opgereegt.

Am Ufank hunn de Max Mangen an de Selim Ainahi et direkt aus der Distanz probéiert. Mat der éischter Chance ass Wuermer awer dunn a Féierung gaangen. An der 11. Minutt huet de Michal Mroch den 1:0 geschoss. 3 Minutte méi spéit huet de Wuermer Stiermer säin Doppelpack perfekt gemaach. Deem virausgaange war e schlëmmen individuellen Feeler. No 19 Minutten huet de Selim Ainahi dunn mat enger super Eenzelleeschtung den Uschlossgol markéiert. Chance hat Weiler an der 23. Minutt, wéi dem Gil Penning eleng virum Gol d’Nerven versot hunn. Esou ass et mat engem 1:2-Réckstand vu Weiler an d’Paus gaangen.

Richteg schif ass eng Aktioun an der 57. Minutt gaang. No engem Fräistouss fir Weiler ass Wuermer e Konter gelaf an huet de Score op 3:1 geschrauft. An der 74. Minutt huet Wuermer dunn erëm vun engem krassen individuellen Feeler profitéiert. De Michal Mroch sot Merci an huet säin 3. Gol um Sonndeg geschoss. Weiler hat keng anstänneg Golchance an der zweeter Halschent. Ze vill Feelpassen, e schlecht Positionnement an déi feelend Duerchsetzungskraft bei verschiddene Spiller hu sécherlech dofir gesuergt, dass deem engen oder aneren säi Pappendag verduerwe gouf. Elo mussen d'Äerm eropgestrëppt ginn, fir schnell erëm an d'Spuer ze fannen. No 5 Spilldeeg stinn d'Yellow Boys nämlech op der Relegatiounsplaz.

Opstellung: Vieira, Loes, Regazzi, Reuter, Bach, Mangen, Olafsson, Hoffmann (60.' Ribeiro Ramos), Ainahi, Fontes, Rougeaux