An e weidere wichtege Spiller bleift de Yellow Boys déi nächst Saison erhalen. De Romario Lima gëtt eng weider Kéier vu Munnerëf op Weiler ausgeléint. Den 22-Järegen huet viru Munnerëf fir d'Escher Jeunesse, de Racing Football Club Union Lëtzebuerg a Swift Hesper gespillt. Lescht Saison huet de Romario 13 Mol de Wee an d'Startformatioun gepackt, an déi Zuel wier sëcherlech nach vill méi héich, wann hien während enger Phase hätt kéinten méi trainéiren, mee säin Job haat dat net zougelooss.

Erënnere mer och heidrun:

De Kevin Hoffmann (Monnerech), de Sidney Loes (Rëmeleng) an de Pit Meylender hunn en definitiven Transfert op Weiler gemaach. De Christophe Cum (Schengen) an de Pol Hellers (Uespelt) kommen als "transfert temporaire".

Den Andy Reuter (Izeg), den Enès Skrijelj (Käl-Téiteng), de Johan Bellini (RFCU Lëtzebuerg), den Idelson Pires dos Santos (Berbuerg), den Dylan Ribeiro Ramos (Beetebuerg), den Joyce Regazzi (Walfer), de Yann Olafsson (Réimech-Bous) an den Jeffrey Gleim (RS Magny/F) doen nächst Saison och e giel-schwaarzen Trikot un.

De Ronny Bodri (Interview) an den Inacio do Rosario Flor hänken d'Futtballschong un dee berühmte Nol an de Marc Wirth (Interview) kickt nach e bëssi zu Éilereng. Den Anton Bright (Uni), Jordan Ramos (Uni), Dea Yancen Labata a Ken Kartheiser (Uespelt), déi 2016/2017 als "transfert temporaire" bei eis waren, stinn eis nächst Saison net méi zur Verfügung. De Stéphane da Cruz huet en "transfert temporaire" op Jonglënster ënnerschriwwen.