Do ass eisem Comité e gudde Schachzuch gelongen. Fir déi nächst Saison konnten sech déi Weiler mam Mëttelfeldspiller Johan Bellini op eng Zesummenaarbecht eenegen. Den 33-järegen Fransous, deen mëttlerweil och déi Lëtzebuerger Nationalitéit huet, ass de Lëtzebuerger Fussballfans keen Onbekannten, well hien huet vun 2000 bis 2009 beim F91 Diddeleng gespillt, war 2008 souguer 3. bei der Wiel zum Fussballer vum Joer a stoung ab dunn bis elo beim Stater Racing ënner Kontrakt.

Mat deenen Diddelenger huet hien 5 Mol de Championstitel gefeiert an ass 4 Mol Coupegewënner ginn.

A senger Jugend huet de Johan Bellini beim FC Metz gekickt. Wëllkomm zu Weiler Johan!

D'Foto uewen ass vum Ben Majerus.