Gutt Nouvellen: E Samschdeg dierfe mir déi éischte Kéier déi nei Infrastruktur am Dieltchen notzen. D'Buvette, d'Tribüne an d'Vestiairen si fäerdeg, soudass et beim Match tëscht eiser éischter Ekipp a Suessem (16.30 Auer) zu enger Première kënnt.

Dofir kommt all op Weiler, kuckt Iech déi nei Raimlechkeeten, déi mir vun der Gemeng kruten, un an ënnerstëtzt eis éischt Ekipp an hirem leschte Championnatsmatch fir dës Saison.

Hei ass Weiler!