- Eis Bambinis I waren um Samschdegmoien fir e Championnatsturnéier bei RM Hamm Benfica zu Gaascht. "D'Kanner waren net an hirer beschter Form an hunn awer net opginn. Ech sinn houfreg op meng Ekipp", sou den Trainer Idelson Pires. Géint RM Hamm Benfica I (0:0) a Märel-Belair (2:2) gouf et 2 Gläichspiller. Géint de Racing I hunn d'Yell6w Boys mat 0:3 de Kierzere gezunn.

- D'Bambinis II hunn zu Gréiwemaacher gespillt. Géint Izeg stoung et beim Schlusspëff 0:0. "Hei war méi dran", huet den Trainer Carlo Dortea gemengt. Géint Bäerdrëf-Konsdrëf hat Weiler du Pech an ass um Potto gescheitert. Mat der leschter Aktioun huet Bäerdrëf-Konsdrëf de Match dunn fir sech entscheed (1:0). "Géint Gréiwemaacher hate mer dunn net vill ze radetten. D'Yellow Kids hu lues a lues d'Konditioun am leschte Match verluer, awer gutt gekämpft", huet de Coach gemengt. De Match ass mat 0:4 ausgaangen. "Ech freeën mech schonn op déi nächst Saison", huet de Carlo Dorotea schonn an d'Zukunft gekuckt.