Eis Poussins sinn um Turnéier zu Gaasperech déi 2. ginn. An der Gruppephas gouf et géint Russange e 0:0, géint Märel-Belair hunn d'Yellow Boys mat 0:2 verluer, ier et géint Gaasperech eng 0:3-Defaite ze notéiere gouf. Och géint Izeg gouf et beim 0:1 kee Punkt. De leschte Match géint Rodange (1:0) war d'Ekipp vum Enès Skrijelj dunn op Toure komm.

An der Véierelsfinall ass et géint Rëmeleng an d'Siwemeterschéisse gaangen an hei hunn d'Yellow Kids genausou d'Nerve behalen wéi an der Halleffinall géint Gaasperech bei deem selweschten Exercice. Manner gutt war et am Siwemeterschéissen an der Finall gelaf, an deem sech Munnerëf duerchgesat huet.