Eis Seniors II/U23 hunn hire Championnatsmatch um Dënschdeg mat 3:1 géint d’Union Réimech-Bus gewonnen.

No 6 Minutten huet de Pit Meylender schonn den 1:0 no engem Corner vum Mirza Ramcilovic geschoss. An der Paus sollt et awer 1:1 stoen, well d’Gäscht an der 27. Minutt den Ausgläich konnte markéieren.

No der Paus huet Weiler direkt e gudden Départ kannt. No engem weidere Corner war erëm de Pit Meylender do, fir an der 49. Minutt den 2:1 ze schéissen. Duerno gouf et Chancen op béide Säiten an de Match ass méi hektesch ginn. An der 90. Minutt ass dunn e Spiller vu Réimech-Bus vum Terrain geflunn. Den André Mota sollt fir de Schlusspunkt suergen, andeems hien den 3:1 markéiert huet.