Zil: Beim direkte Konkurrent punkten

E Sonndeg ass et nees souwäit: De Ball wäert nees an der Éierepromotioun rullen. Vu 16 Auer un kritt eis éischt Ekipp et dann zu Waasserbëlleg mat der Union Mäertert-Waasserbëlleg ze dinn. No der Hironn läit Weiler op der 11. Plaz an der Tabell. D’Yellow Boys hunn 13 Punkten an 13 Matcher gesammelt. 3 Punkte […]

Continue reading

Alles ofgesot

Wéinst de Wiederkonditiounen ass den Terrain am Dieltchen mat Schnéi bedeckt. All d’Jugendtraininger an och den Testmatch vun de Pupilles sinn dowéinst ofgesot ginn.

Continue reading

Neien Trainer fir déi nächst Saison

Eisen Trainer vun der éischter Ekipp, de Jhemp Almeida, wäert d’Yellow Boys déi nächst Saison net méi trainéieren an als Trainer ophalen. Säi Nofollger ass och scho bekannt. An Zukunft wäert den Andrea Fiorani d’Yellow Boys coachen, egal a wéi enger Divisioun Weiler déi nächst Saison spillt. Am Moment ass den Änder Trainer an der […]

Continue reading

Ganz staark Pupilles

Um Sonndeg hunn eis Pupilles 1 um Halenturnéier vun FC Syra Menster deelgeholl an dëse gewonnen. Et ware 5 Ekippen um Start. Et war e Parcours sans faute fir d’Yellow Boys: 1:0 g. Ent.Syrdall 3:0 g. Menster2 5:0 g. Bäerdrëf/Konsdrëf 3:1 g. Menster 1 “Ech si net dax paff, mee haut sinn ech et. Dat […]

Continue reading

Kee Gol zu Maacher

Eis éischt Ekipp hat um Freidegowend hire leschten Testmatch. Zu Gréiwemaacher gouf et e 0:0 géint den CSG. Gréiwemaacher hat méi vum Spill an d’Yellow Boys déi besser Golchancen. Fir Weiler war et e gudden Test op engem Wuesterrain, ier d’Réckronn an der Éierepromotioun nächste Sonndeg bei der Union Mäertert-Waasserbëlleg agelaut gëtt.

Continue reading

Deziméiert Ekipp verléiert Testmatch

Eis staark ersatzgeschwächt éischt Ekipp huet um Sonndeg en Testmatch géint Beetebuerg gespillt. Am Dieltchen gouf et eng 0:3-Defaite fir d’Yellow Boys, déi an der Paus mat 0:2 hanne louchen. Géint e gudde Géigner hat Weiler déi éischt gutt Chance, mee en Eelefmeter vum Max Mangen ass net eragaangen. No 35 Minutten huet Beetebuerg dunn […]

Continue reading

Victoire fir d’Minimes II

Eis Minimes II hunn um Sonndeg en Testmatch géint Käerjéng II mat 2:1 gewonnen. An der Paus louch Weiler mat 1:0 vir. “Eng gutt Leeschtung vun der Ekipp. D’Uweisunge si respektéiert ginn. D’Victoire war verdéngt”, sou den Trainer Dani de Jesus.

Continue reading