Jhemp Almeida: “Ni méi Trainer”

De Jhemp Almeida spillt eng grouss Roll an der Geschicht vum FC Yellow Boys. Hien ass deen Trainer, deen de Veräin fir déi éischte Kéier an d’Éierepromotioun gefouert huet. An och dës Saison, déi duerch d’Corona-Pandemie gestoppt gouf, huet hien d’Zil, de Maintien, erreecht. Déi nächst Saison wäert de Jhemp awer net méi als Coach […]

Continue reading

Zuelen vun der éischter Saison an der Éierepromotioun

No der éischter Saison an der Éierepromotioun, déi wéinst der Corona-Pandemie éischter op en Enn gaangen ass, wéi jiddereen geduecht hat, ass et nees un der Zäit, fir op d’Saison zréckzekucken. An der Tabell waren d’Yellow Boys op déi 11. Plaz komm, dee gläichbedeitend mat enger Barrageplaz war. Wier et zu dësem Moment zu der […]

Continue reading

D’Yellow Boys bleiwen an der Éierepromotioun

Um Mëttwoch huet d’FLF matgedeelt, dass d’Saison an der Éierepromotioun wéi och an allen anere Ligen – ausser der BGL Ligue – wéinst der Corona-Pandemie net weidergefouert gëtt. Fir d’Yellow Boys, déi op der 11. Plaz stinn, bedeit dat, dass de Maintien gepackt gouf. De nationale Fussballverband huet nämlech decidéiert, dass et keen Ofsteiger gëtt […]

Continue reading

Pärelen, eng Mask an e faarwege Wee

Déi éischt kreativ Iddien fir eis Challenge sinn do. De Rafael Pereira huet den FCYB vun de Yellow Boys mat Streckpärelen zesummegesat. An den Elias Vestergaard huet aus engem T-Shirt eng Mask vun de Yellow Boys gebastelt kritt. D’Camille an de Vin Schmit hunn de Wee virun hirem Haus verschéinert. Schéckt och Dir Äert Konschtwierk […]

Continue reading

Sieft kreativ

Well den Interessi un eise Video-Challengen ofhëlt, oder awer well d’Kanner keng Bäll méi wëllen :), hu mer eis fir dës Woch eppes anescht iwwerluecht. Sieft kreativ a schéckt eis e Bild, eng Foto oder e Video, deen eppes mat de Yellow Boys ze dinn huet. Wichteg ass, dass Dir eis Äert Konschtwierk bis de Sonndeg […]

Continue reading

Ofsoen wéinst der Corona-Pandemie

Léif Frënn vum Weiler Fussball, no der Ukënnegung vun eiser Regierung, dass bis den 31. Juli wéinst der Corona-Pandemie keng gréisser Manifestatiounen dierfen organiséiert ginn, hu mir schwéieren Häerzens missen d’Decisioun huelen, fir eis Vache qui flatte (14. Juni) an de Weili Cup (4./5. Juli) ofzesoen. Wat d’Vache qui flatte ugeet, kënnt Dir awer Casen […]

Continue reading

Rout, wäiss, Dëppen, Waasser

Mir komme schonn zum 5. Deel vun eiser Challenge, déi mer wärend der Corona-Kris organiséieren. Dës Kéier geet et ëm d’Reaktioun a Schnellegkeet. Maacht och Dir mat bei eiser Challenge. Wichteg ass, dass Dir d’Videoen bis de Sonndeg um 18 Auer op concours@yellowboys.lu mailt an dass dës net méi grouss wéi 16 MB sinn. Villmools […]

Continue reading

Case fir d’Vache online kafen

D’Vache qui flatte huet zu Weiler Traditioun. De 14. Juni fënnt déi 20. Editioun statt. Ob dat erfollegräicht Fest kann organiséiert ginn, ass wéinst der Corona-Pandemie nach net gewosst, feststeet awer, dass d’Gewënnspill jiddefalls organiséiert gëtt – noutfalls ouni Zuschauer. Ab elo kënnt Dir Är Casen online kafen. Kuckt Iech de Plang hei ënnendrënner un […]

Continue reading

Maach och du mat

Den éischte Video vun eiser véierter Challenge ass do. Merci dem Leandro Weyrich, dee matgemaach huet. Merci och dem Brian Zender fir dëse Video. Maacht och Dir mat bei eiser Challenge. Wichteg ass, dass Dir d’Videoen bis de Sonndeg um 18 Auer op concours@yellowboys.lu mailt an dass dës net méi grouss wéi 16 MB sinn. […]

Continue reading

Koordinatioun mat an ouni Ball

Mir kommen zum 4. Deel vun eiser Challenge, déi mer wärend der Corona-Kris organiséieren. Dës Kéier geet et ëm d’Koordinatioun mat an ouni Ball. Maacht och Dir mat bei eiser Challenge. Wichteg ass, dass Dir d’Videoen bis de Sonndeg um 18 Auer op concours@yellowboys.lu mailt an dass dës net méi grouss wéi 16 MB sinn. […]

Continue reading