Kloer Defaite

Nodeems sech eis Cadets schonn an der Virronn vun der Coupe géint d’Entente Schieren/Kolmer-Bierg/Fiels duerchgesat haten (Bericht), huet de Match missen wéinst engem Feeler vum Arbitter (en hat 3 Eelefmeter anstatt 5 schéisse gelooss) widderholl ginn. Um Dënschdeg hunn d’Yellow Boys de Widderhuelungsmatch dunn mat 0:5 verluer

Continue reading

De Vizverkaf war e groussen Erfolleg

D’Minimes vun de Yellow Boys sinn dëse Weekend Viz an der Gemeng verkafe gaangen. Si waren hiere Stock awer scho lass, ier se all d’Stroossen zu Syren gemaach haten. Et war deemno e groussen Erfolleg. Déi eidel Fläschen kënnen um Terrain ofgi ginn.

Continue reading

Gewënner a schwéierem Match

Eis Cadets hu sech an engem extrem schwéiere Match géint Ierpeldeng, dat de ganze Match extrem déif stoung, mat 2:0 duerchgesat. An der Paus stoung et 1:0. De Ball gouf gestëft vum Marc Reuter.

Continue reading

3 Punkten zu Käerjéng

Eis éischt Ekipp huet dem Favorit Käerjéng e Sonndeg e Bee gestallt. Um Käerjénger Dribbel hu sech d’Yellow Boys mat 3:2 behaapt. Scho no 3 Minutten sinn d’Yellow Boys a Féierung gaangen. No enger Flank vum Sidney Loes kläert d’Käerjénger Ofwier op d’Broscht vum Max Mangen, dee kontrolléiert de Ball a setzt en an de […]

Continue reading

Round up vum Samschdeg

Eis Bambinis I hunn zu Rodange gespillt. Géint d’Jeunesse a Käerjéng gouf et all Kéier eng 0:3-Defaite, ier et géint Rodange en 1:2 gouf. “Obwuel mir just zu 6 waren, hunn d’Kanner sech gutt druginn a jiddereen war no deenen 3 Matcher opjiddefall gutt midd”, sou den Trainer Sylvain Steil. Fir eis Bambinis II goufen […]

Continue reading

Schwéieren Auswäertsmatch

No der Victoire géint Miedernach, déi erwaart gi war, steet e Sonndeg fir eis éischt Ekipp nees e schwéieren Auswäertsmatch um Programm. De Match beim Fusiounsveräin UN Käerjéng gëtt um 14.30 Auer ugepaff. No 8 Spilldeeg huet Käerjéng 16 Punkte gesammelt a steet domat op der 5. Plaz an der Tabell. D’Ekipp vum Trainer David […]

Continue reading

Di Bari oho, Di Bari oho

Eis Seniors II/U23 hu sech um Donneschdeg mat 5:2 zu Wuermer duerchgesat. An der 8. Minutt huet den Dani de Jesus de Joel Teles bedéngt a scho stoung et 1:0. An och um 2:0 sollt den Dani de Jesus bedeelegt sinn. Nees ass hien an d’Déift geschéckt ginn, hien huet de Ball zréckgeluecht an de […]

Continue reading

Loft no uewen

Eis Poussins II hunn um Donneschdeg zu Bus géint d’Union Réimech-Bus II gespillt a mat 4:1 gewonnen. “Spilleresch ass nach Loft no uewen, d’Resultat ass ok. Gutt sou Jungs”, sou den Trainer Roland Wolff.

Continue reading

Moral gewisen

Eis Junioren hunn um Mëttwoch am Heemmatch géint Éilereng Moral gewisen. Nodeems si an der Paus mat 0:3 zrécklouchen, hu si de Match nach mat 4:3 gewonnen. Wahnsinn!

Continue reading