Vill Goler, mee leider op der falscher Säit

Souwuel eis Scolaires wéi och eis Minimes II hunn um Samschdeg missen eng héich Defaite astiechen. D’Scolaires hunn am Dieltchen mat 0:14 géint Beetebuerg verluer. De Ball gouf gestëft vum Jerry Juttel. D’Minimes II hunn zu Monnerech gespillt an do mat 0:7 verluer. 2 Poussins hunn ausgehollef, well 5 Minimes am Moment feelen.

Continue reading

Näischt ze huelen

No 4 Championnatsmatcher ouni Defaite an dem Out an der Coupe géint Stengefort hu sech d’Yellow Boys der US Rëmeleng misse mat 0:3 geschloe ginn. An der Ufanksphas hat Rëmeleng – wéi och de ganze Match iwwer – méi vum Spill, ouni awer ze markéieren. Bis déi 20. Minutt: Den Olivier Lusamba koum no engem […]

Continue reading

Batter Defaite

Eis Pupilles III hunn um Samschdeg bei Äischdall II mat 1:16 verluer. “Eis Kanner hunn hiert Bescht ginn. Si hu probéiert d’Spill iwwer d’Säiten opzebauen an hu kämpferesch alles ginn. Dat huet eis als Belounung den Éiregol bruecht. D’Moral war intakt an eis Spiller si mat engem Laachen an d’Vestiaire gaangen. Hei ass Weiler”, huet […]

Continue reading

D’Cadets mussen zidderen

Eis Cadets sollten an der 1/16-Finall vun der Coupe op RM Hamm Benfica treffen. Elo mussen d’Yellow Boys awer nach emol fäerten, dass et villäicht net zu deem Match kënnt. D’1/32-Finall géint d’Entente Schieren/Kolmer-Bierg/Fiels gëtt nämlech frësch gespillt. Weiler hat sech am Eelefmeterschéissen duerchgesat, allerdéngs hat den Arbitter nëmmen 3 amplaz 5 Elefmeter schéisse gelooss.

Continue reading

E gutt Omen?

Eis Minimes I hu sech um Samschdeg mat 1:0 doheem géint Rëmeleng duerchgesat. An der Paus stoung et 0:0. Ass dat e gutt Omen fir de Match vun der éischter Ekipp géint déi Rëmelenger den Owend?

Continue reading

Déi Klengst ware fréi am Asaz

– Eis Bambinis I hunn zu Nidderkuer gespillt an hir 2 Matcher mat enger Defaite ofgeschloss. Géint d’Jeunesse gouf et eng 1:2-Defaite, ier d’Yellow Kids géint Nidderkuer eng 2:1-Féierung aus der Hand ginn hunn an onglécklech mat 2:3 verluer hunn. “Trotz dem schlechte Wieder waren d’Kanner all gutt drop a motivéiert”, huet den Trainer Sylvain […]

Continue reading

Schwéieren Heemmatch a méi spéit op Wolz

E Samschdeg huet eis éischt Ekipp e schwéiere Match viru sech. D’Yellow Boys hunn ab 19 Auer d’US Rëmeleng zu Gaascht. Déi Rëmelenger hunn an den éischte 5 Matcher 12 Punkte gesammelt a leien am Moment op der 4. Plaz. Ee vun de Kandidaten op den Opstig hat schonn an der Virbereedung seng Visittekaart am […]

Continue reading

Schwéieren Optakt

Eis Pupilles III hunn um Donneschdeg hiren éischte Championnatsmatch fir dës Saison gespillt. Zu Märel gouf et eng 2:7-Defaite. “Et war ee flotten a spannende Match. Et huet kee vun de Kanner de Kapp hänke gelooss. Mir kënne méi wéi houfreg op d’Kids sinn.

Continue reading