D’Scolaires kenne bal all hir Géigner

Um Mëttwoch huet d’FLF d’Gruppen fir d’Halleffinallen vum Indoor-Championnat bekanntginn. Eis Scolaires kréien et mat Ëlwen, F91, Nidderkuer, Stroossen an dem Gewënner vun der Grupp E aus dem 2. Tour ze dinn. Gespillt soll de 25. Februar ginn, wou ass nach net gewosst.

Continue reading

FLF rektifizéiert de Spillkalenner

Um Mëttwoch huet d’FLF de Spillkalenner fir d’Jugend rektifizéiert. De nationale Futtballverband hat a sengem 1. Entworf Matcher fir den Ouschterweekend virgesinn, dësen ass awer fir Veräinsturnéier reservéiert. Hei dann elo de neie Spillplang: Download

Continue reading

Vill Leit um Schluechtfest

E Sonndeg ass an der Weiler Hal erëm deen een oder anere Mo gefëllt ginn. Bauerenträipen, Jhelli, Gehäck, Kuddelfleck, Judd mat Gaardebounen, Bouneschlupp a fir d’Kanner eng Grillwurscht mat Gromperen, all dat gouf et um traditionelle Schluechtfest. Och dëst Joer waren erëm vill Leit an der Hal, déi sech de Kascht gutt schmaache gelooss hunn […]

Continue reading

News aus dem Jugendeck

– Eis Bambinis hunn um Sonndeg um Halenturnéier zu Bartreng deelgeholl a koumen um Enn op déi 4. Plat enner 12 Ekippen. Géint Steesel stoung et 1:0 beim Schlusspëff, ier d’Yellow Boys mat 0:1 géint Monnerech verluer hunn. Géint Kält-Téiteng (3:0) a Réimech-Bus huet d’Ekipp vum Trainer Idelson Pires dunn erëm an d’Erfollegsspuer fonnt. Am […]

Continue reading

Defaite fir eis éischt Ekipp

Um Samschdeg huet eis éischt Ekipp en Testmatch géint Steesel gespillt. Am Dieltchen hu sech d’Gäscht um Enn mat 2:1 behaapt. De Levy Rougeaux hat d’Yellow Boys an der zweeter Halschent mat engem Fräistouss mat 1:0 a Féierung bruecht, ier Steesel de Match nach gedréit huet. De nächsten Testmatch ass e Mëttwoch vun 19.45 Auer […]

Continue reading

Out fir d’Minimes

Eis Minimes sinn am 2. Tour vum Indoor-Chmapionnat déi 5. ginn an hunn domat d´Halleffinall verpasst. Zu Useldeng hunn d’Yellow Boys mat 0:3 géint d’Fola verluer, 0:0 géint Éilereng gespillt, ier et eng 5:1-Victoire géint Wolz gouf. An den 2 leschte Matcher goufen et 2 Defaiten: 1:2 géint d’Etzella an 2:3 géint d’Entente Atertdaul.

Continue reading

D’Pupilles gewannen den Turnéier

Eis Pupilles hunn zu Gréiwemaacher den Turnéier gewonnen. Den 1. Match hunn d’Yellow Boys d’Punkten mat Hesper gedeelt (1:1), mee dunn war d’Ekipp vum Trainer Mike Hoffmann net méi ze stoppen: 1:0 géint Gréiwemaacher, 1:0 géint Menster, 1:0 géint Steesel an 2:1 géint Biwer huet et an der Gruppephas geheescht. An der Finall huet Weiler […]

Continue reading

D’Scolaires sinn an der Halleffinall

Eis Scolaires stinn an der Halleffinall vum Indoor-Championnat. Zu Useldeng hunn d’Yellow Boys mat 1:3 géint Nidderkuer verluer, ier se op Touren komm sinn. Géint Steesel (3:2) an d’Entente Atertdaul (3:0) goufen et Victoiren, géint Märel-Belair gouf et e 0:0. De leschte Match huet Weiler dunn mat 1:3 géint Wëntger verluer, ass awer als Zweeten […]

Continue reading

4. Plaz fir d’Bambinis

Eis Bambinis sinn um Halenturnéier zu Gréiwemaacher déi 4. ginn. Géint Bäerdrëf-Konsdrëf (3:1) a Biwer/Bäerbuerg (3:1) goufen et Victoiren, ier de Match géint Gréiwemaacher mat 2:6 verluer gouf. Am Match em d’drëtt Plaz hunn d’Yellow Boys dunn mat 0:3 géint Steesel de Kierzere gezunn. “D’Kanner hu sech all ameséiert an hate Spaass. Dat ass d’Haaptsaach”, […]

Continue reading

Besuch aus Togo

Um Donneschdegowend haten d’Yellow Boys ganz besonneschen Besuch zu Weiler an der Hal krut. Am Numm vun der Promo Foot Akademie aus Togo koum de Philippe Plassi op Weiler fir dem Veräin Merci ze soen. Am Hierscht vum leschte Joer war eise Scolaires-Trainer Basile Toyisson a sengem Heemechtsland an huet de Kanner aus der Promo […]

Continue reading