Traditionelle Budenzauber

De 6. Januar kommen net nëmmen déi 3 Kinnéken, mee zu Weiler an der Hal gëtt och erëm um Choco Cup gezaubert. Ab 13.30 Auer kämpfen Ekippen ewéi Averna Weiler, En Avant Polonaise, E Décken, Cadaveren vun der UNA, Choco, Weiler Grande Réserve, Les Cadavres oder Tutebattien ëm Goler, Punkten an de Gewënn vum traditionellen […]

Continue reading

Eng Schlussvictoire zum Joresofschloss

Eis Bambinis waren och e Sonndeg nees am Asaz. No der zweeter Plaz um Samschdeg sinn d’Yellow Kids e Sonndeg zu Schëffleng op déi éischt Plaz komm. “Eng flott Victoire fir d’Joer ofzeschléissen. Et si vill Matcher bei dësem Turnéier gespillt ginn, mee deen, deen eis am meeschten an Erënnerung wäert bleiwen, war d’Halleffinall géint […]

Continue reading

5 Testmatcher fir eis éischt Ekipp

Folgend Testmatcher huet eis éischt Ekipp viraussiichtlech an der Wanterpaus geplangt: 17. Januar um 20.00 Auer: Weiler – Wëntger 27. Januar um 16.00 Auer: Weiler – Lëntgen 3. Februar um 16.00 Auer: Weiler – Luerenzweiler 6. Februar um 19.30 Auer: Weiler – Kielen 13. Februar um 19:45 Auer: Kanech – Weiler

Continue reading

Bambins verléieren d’Finall, Pupilles déi 6.

-Eis Bambinis hunn um Samschdeg op engem Turnéier an der Hal vum Stade Josy Barthel deelgeholl. Géint den F91 (1:0), Jonglënster (4:1) an an der Halleffinall géint RM Hamm Benfica (2:0) goufen et Victoiren. An der Finall huet sech d’Ekipp vum Trainer Idelson Pires wéi schonn déi Woch virdrun zu Munnerëf missten der Fola geschloe […]

Continue reading

Stats vun eiser éischter Ekipp

Eigentlech wollte mer dës Statistiken vum Championnat vun eiser éischter Ekipp eréischt no der Hironn weisen, mee duerch de Chaos am Spillkalenner, weise mer se da schonn zum Joeresofschloss. Asäz Yellow Boys Asäz 2017/18Infogram Awiesslungen Awiesslungen 17/18Infogram Auswiesslungen Auswiesslungen 17/18Infogram Buteuren Buteuren 17/18Infogram Wéini sinn d’Goler a Géigegoler gefall? Goler 2017/18Infogram

Continue reading

Bambinis déi 2., Pupilles déi 4.

Um Sonndeg war zu Munnerëf den X-mas Cup, un deem eis Bambinis a Pupilles deelgeholl hunn. Eis Bambinis koumen op déi 2. Plaz ënner 10 Ekippen. An der Gruppephas hu si kee Match verluer an de Maximum vun 12 Punkten kritt. Donieft kruten d’Yellow Boys kee Gol geschoss. An der Finall géint d’Fola, déi mat […]

Continue reading

D’Scolaires sinn och en Tour weider

Eis Scolaires hunn et och an den 2. Tour vum Indoor-Championnat gepackt. Si hu sech mat 2:0 géint Réimech-Bus, 2:0 géint Märel-Belair an 2:1 géint Hesper duerchgesat. Géint d’Entente Osten gouf et eng 1:3-Defaite, mee déi 2. Plaz war duergaangen, fir weiderzekommen.

Continue reading

Erëm e flotte Chrëschtmaart

E Samschdeg ass zu Weiler bei der Sportshal richteg Chrëschtstëmmung opkomm. Um Chrëschtmaart, deen vun de Yellow Boys organiséiert gouf, konnt een Chrëschtbeemercher kafen, sech mat Gedrénks an Iessen eng Freed maachen oder awer flott Kadoen kafen. Eis Jugendspiller kruten och nach am Kader vum Chrëschtmaart Besuch vum Kleeschen a vum Housécker, déi hinnen e […]

Continue reading