– Eis Poussins I hu sech e Sonndeg eng Halschent schwéier gedoen am Dieltchen. Géint Bartreng stoung et an der Paus 1:1. Um Enn hu sech d’Yellow Boys mat 7:1 duerchgesat. De Ball gouf gestëft vum Camille Schmit.

-Eis Poussins II hu sech Munnerëf II missten mat 2:3 geschloe ginn. An der Paus louchen se 1:2 zréck. “Ech sinn zefridden mat eiser Leeschtung haut, obwuel mer verlue hun. Mir hunn dee bessere Fussball gespillt an haaten vill Golchancen, mee mir hu se leider net genotzt. Dorunner muss nach geschafft ginn”, sou den Trainer Enès Skrijelj.