– Eis Bambinis I waren um Samschdegmoien gutt a Form. Mat zwee Mol 1:0 hu si zu Habscht géint Äischdall an Atertdaul gewonnen. Steesel ass net ugetrueden.

– D’Bambinis II hunn zu Kanech hir 3 Matcher gewonnen. Géint d’Entente Osten (2:0) an Izeg II (2:0) kruten d’Yellow Boys kee Gol geschoss. RM Hamm Benfica ass net ugetrueden. “Mir hu super, kollektive Fussball vun eise Klengste gesinn. Respekt un d’Ekipp. Et huet haut richteg Spaass gemaach, nozekucken”, sou den Trainer Carlo Dorotea.

– Eis Pupilles I sinn zu Munnerëf op déi zweet Gard vum Lokalveräin getraff an haten liicht Spill. An der Paus stoung et 11:0, zum Schluss 18:0. Dobäi huet Weiler déi éischt Halschent zäitweis mat 4 Feldspiller gespillt. Déi zweet Halschent si 7 Weiler géint 9 Munnerëfer ugetrueden, fir de Géigner e bëssi an d’Spill kommen ze loossen.

– D’Pupilles II hunn am Dieltchen mat 4:5 géint Stroossen II de Kierzere gezunn. “De Match war intensiv bis zum Schluss. Mir hunn eis vill a gutt beweegt. An der Paus stoung et 1:1. Leider ware mir just zu 7 a konnten net wiesselen. Zum Schluss war d’Loft eraus, mee et war e ganz flotte Match”, huet den Trainer Claude Steichen gemengt.

– Eis Scolaires haten en Testmatch beim FC Déifferdeng 03. D’Yellow Boys hunn dëse mat 10:4 gewonnen. An der Paus stoung et 5:1.