Eis Bambinis a Pupilles hunn um Sonndeg un Halenturnéier vum FC Syra Menster deelgeholl.

D’Bambinis, déi just zu 4 waren, koumen op déi 2. Plaz, nodeems et en 1:1 géint Mäertert-Waasserbëlleg, e 0:0 géint Réimech-Bus, en 2:0 géint Syra Menster, en 2:1 géint d’Entente Osten an en 1:0 géint Izeg gouf. “Mir soen deene Menster Merci. Si hunn eis Spiller geléint a mir hinnen. Et war erëm e flotte Nomëtteg fir d’Kanner”, sou den Trainer Idelson Pires.

D’Pupilles sinn déi 5. ginn. D’Ekipp vum Trainer Mike Hoffmann huet 0:0 géint Réimech-Bus gespillt, 4:0 géint Menster II gewonnen, krut dunn 5 Sekonnen viru Schluss op Siwemeter hinn den 0:1 géint de spéideren Turnéiergewënner Entente Osten geschoss an huet 1:0 géint Menster gewonnen.