De Choco Cup 2018 geet un d’Weiler Grande Réserve. An der Finall huet sech d’Ekipp vum Orlando da Rocha e Samschdeg mat 3:1 géint E Décken duerchgesat. An der Halleffinall haten d’Yellow Boys d’Cadaveren vun der UNA mat 6:1 aus der Hal geschoss, während E Décken de Choco mat 5:2 geklappt huet.

Déi lescht Plaz hunn d’Tutebattien beluecht, well se am Match ëm déi 7. Plaz mat 0:6 géint Weiler Jeunes de Kierzeren gezunn hunn. Déi 5. Plaz geet un Averna Weiler, no enger 3:1-Victoire géint Les Cadavres.