Anescht wéi am Topmatch an der Bundesliga, hunn e Sonndeg am Dieltchen déi Giel géint déi Rout gewonnen. D’Yellow Boys hunn sech an engem Derby, an deem den Aluminium oft am Mëttelpunkt stoung, mat 2:0 géint d’Red Boys vun Uespelt duerchgesat. De Kevin Hoffmann huet seng gutt Form mat 2 Goler ënnerstrach.

Schonn no 2 Minutten hat de Sidney Loes eng gutt Méiglechkeet, mee säi Ball ass net op de Gol gaangen. E bëssi méi spéit ass de Levy Rougeaux um Sam Meyer gescheitert. No enger Véierelsstonn war et dunn awer souwäit: De Kevin Hoffmann huet de Ball voll op d’Schlapp kritt a schonn stoung et 1:0 fir d’Ekipp vum Claude Meylender an Orlando da Rocha.

Uespelt huet dono e bëssi besser an de Match fonnt a wier an der 29. Minutt bal belount ginn, mee de Potto huet eng éischte Kéier fir Weiler gerett. An der 34. Minutt konnten d’Yellow Boys dem Aluminium erëm Merci soen, dës Kéier war d’Lat de Retter. 3 Minutte méi spéit gouf et erëm e Liewenszeechen op der anerer Säit, mee dem Kevin Hoffmann säi Schoss ass knapp laanscht de Gol gaangen. An der 39. Minutt huet de Sam Meyer dunn erëm missten fir Uespelt retten. No engem Fräistouss vum Kevin Hoffmann war de Levy Rougeaux zum Kappball komm. Kuerz dono huet de Johan Bellini de Ball no engem Corner net richteg getraff. A just virun der Paus huet dunn de Potto fir Uespelt gerett. Dës Kéier hat de Kevin Hoffmann Pech. Op der Géigesäit konnten déi Weiler dem Andy Reuter Merci soen, deen de Virsprong op der Linn gerett huet. Mat 1:0 ass et deemno an d’Paus gaangen.

Nom Säitewiessel war erëm den Aluminium am Wee. Dës Kéier huet de Levy Rougeaux de Gol mat engem stramme Schoss un d’Wackelen bruecht. A well et sou schéin war, ass och op der anerer Säit erëm e Fräistouss op d’Lat geschoss ginn. An der 51. Minutt huet ee schonn e “Jaaaaaaaa” am Dieltchen héieren. Mee dem Kevin Hoffmann säi Schoss ass knapp laanscht gaangen. E bëssi méi spéit huet de Sam Meyer erëm fir d’Red Boys missen retten.

An der 73. Minutt huet dunn en Uespelter éischter dierfen vum Terrain goen, nodeems en den Arbitter beleidegt hat. An der 80. Minutt dunn e Schockmoment fir Weiler, de Johan Bellini huet missen no engem Foul verletzt erausgoen. D’Entscheedung ass dunn an der 85. Minutt gefall: No enger herrlecher Kombinatioun huet de Kevin Hoffmann alt erëm getraff. 3 wichteg Punkten sinn am Dieltchen bliwwen.

Opstellung: Cum, Lamesch, Reuter, Bach, Pires, Bellini (83.’ Schalbar), Fontes, Ainahi (77.’ Mota), Loes, Hoffmann, Rougeaux