Dir Dammen an Dir Hären,

vu dass mer eng nei Infrastruktur mat Buvette, Tribüne a Vestiairen nieft de Fussballsterrain gebaut kruten, haat d’Jugendkommissioun sech geduecht, dat wier eng gutt Geleeënheet, fir e Jugendturnéier fir Bambinis, Pupilles, Poussins a Minimes ze organiséieren. Esou kéinten d’Yellow Boys och emol déi Veräiner bei sech invitéieren, bei deenen si jorelaang zu Gaascht waren, huet et geheescht.

Aus dëser Iddi eraus ass de Weili Cup entstanen, deen de 7. an 8. Juli 2018 déi éischte Kéier am Dieltchen iwwer d’Bühn gaangen ass. 64 Ekippen hunn an deene verschiddene Kategorien ëm déi grouss Coupen gekämpft.

Hei scho mol puer interessant Infos:

Sponsoren
Brochure
Reglement
Resultater vun de Bambinis
Resultater vun de Poussins
Resultater vun de Pupilles
Resultater vun de Minimes