Um Sonndeg kënnt et am Dieltchen ab 16 Auer zum Duell tëscht eiser éischter Ekipp an dem Red Black Egalité. No 6 Spilldeeg läit de Pafendall-Weimeschkierch mat 9 Punkten op der 7. Plaz. D’Yellow Boys sinn déi 8. mat engem Punkt manner.

D’Ekipp vum Trainer Jempi Almeida zeechent sech duerch hiren Team- a Kampfgeescht aus. D’Yellow Boys hunn nach eng Rechnung mam Géigner vun e Sonndeg opstoen, hunn se dach d’lescht Saison 0 Punkten géint de Fusiounsveräin kritt.

Den Idelson Pires (Giel-Rout) an de Sidney Loes (Rout) sinn e Sonndeg gespaart a kënnen eréischt déi Woch dono erëm spillen.

Kommt all e Sonndeg an den Dieltchen an ënnerstëtzt eis éischt Ekipp. HEI ASS WEILER!