Heimat wollte mir Iech matdeelen, dass de Frëndschaftsmatch vun eiser éischter Ekipp géint Norden 02, deen um Samschdeg sollt am Dieltchen gespillt ginn, net nei ugesat gëtt. Am Ufank war d’Idee fir de Match dës Woch nozehuelen, mee elo ass décidéiert ginn, e net nei unzesetzen. De nächsten Test fir d’Ekipp vum Trainer Claude Mangen ass e Freideg op engem Turnéier zu Bäerbuerg. Ab 19.30 Auer geet et géint Éinen, ab 20.20 Auer géint Bäerbuerg.