Dësen Sonnden geet et fir eis éischt Ekipp bei den Tabellevéierten Suessem. No der 2. Defaite dës Saison (1:3 zu Berbuerg) leschte Weekend, wëll Suessem sech zréckkafen. De Yellow Boys steet deemno eng schwiereg Aufgab bevir.

Auswäerts waart d’Ekipp vum Trainer Claude Meylender weiderhin op den éischten Punkt an nom Ofrutschen op déi zweetlescht Plaz, wier et dringend néideg, ze punkten. Am leschten Match virun der Wanterpaus gëllt et deemno, d’Yellow Boys nach emol beschtméiglech ze ënnerstëtzen, dass se bis un hier Grenzen an doriwwer eraus goen kënnen. Den Ustouss ass um 16 Auer.