D’Vache qui flatte huet zu Weiler Traditioun. De 14. Juni fënnt déi 20. Editioun statt. Dass dat erfollegräicht Fest wéinst der Corona-Pandemie net kann organiséiert ginn, ass gewosst. Fest steet awer, dass d’Gewënnspill organiséiert gëtt – ouni Zuschauer. Ab elo kënnt Dir Är Casen online kafen. Kuckt Iech de Plang hei ënnendrënner un an iwwerweist 5 € pro Case op de Kont vun de Yellow Boys bei der CCPL LU19 1111 0234 5376 0000. De leschten Delai vun der Iwwerweisung ass de 11. Juni. Schreift an de Vermierk vum Virement w.e.g. wei eng Casen dass Dir gär bucht (Beispiller: E24, X3). D’Casen ginn vun A-Y a vun 1-40.

Falls Dir de leschte Moment nach wëllt matspillen, da kënnt Dir och de 14. Juni vun 10 bis 15 Auer nach um Terrain Case kafen. Z’iessen an ze drénke, bidde mir näischt un.

Terrain Vache qui flatte 2019

Download

Wann Dir Iech frot, wat dat Spill “La vache qui flatte” eigentlech ass, da fannt Dir hei en Erkläervideo aus dem Joer 2012.