D’Yellow Boys kënnen e weidere Neizougang fir déi nächst Saison vermellen. Vu Waremme kënnt den 22 Joer ale Stiermer Oguzhan Kaylesiz.

Den Oguzhan ass zu Istanbul gebuer, huet déi belsch Nationalitéit an huet fir Charleroi II, Kelmis a Sancaktepe gespillt, ier en op Waremme gewiesselt ass.