De Kevin Hoffmann, dee Weiler déi nächst Saison Richtung Hueschtert verléisst, huet Äddi gesot:

Hallo léif Leit vum FC Yellow Boys Weiler!
Haut viru genau enger Woch, hunn ech mech dofir entscheet, e neien Challenge am Fussball unzehuelen an domadder meng Aventure zu Weiler no 4  Joer op en Enn ze bréngen. Mengen, wann ech sou op déi 4  Joer zréckblécken, waren et 4 Joer mat villen Héichten an Déiften, villen Emotiounen a virun allem ville schéine Momenter vun deene nach an 20-30 Joer zu Weiler geschwat wäert ginn!

Ugefaangen mam 1. Joer wou ech zu Weiler ënnerschriwwen hunn an direkt vum éischte Moment aus un mat oppenen Äerm empfaange gouf an ech mech direkt wuelfille konnt. An der Saison war et net ëmmer einfach, laang hu mer géint den Ofstig gespillt, mee trotz allem hu mer eis zesummen duerchgebass an de Maintien gepackt!
An der 2. Saison zu Weiler ass alles scho méi positiv verlaf! Mat enger 4. Plaz, engem neie Rekord wat Punkten ubelaangt an der gudder Tabelleplaz konnt een déi Saison scho vill méi roueg ofschléissen a sech ganz op déi Saison konzentréieren, vun der mengen ech haut nach jiddereen schwätzt!

Mengen, hätt eis een virun der Saison 2018-2019 gesot, dass ma géingen an d‘Éierepromotioun opsteigen an dobäi nach d’Coupe FLF gewannen, hätten d’Leit eis gekuckt a gesot: Dir dreemt! Alleguer zesummen hu mer dat gepackt an dat Onméiglecht, méiglech gemaach! Op all Match waren ëmmer méi Supporter vu Weiler wéi vun eise Géigner. Et kënnen net vill Veräiner hei am Land vu sech behaapten, sou gutt Supporter ze hunn, déi sech zu honnerten vu Leit op de Barragematch an d’Finall vun der Coupe FLF deplacéieren, fir eng Ekipp an de ganze Veräin z’ënnerstëtzen! Praktesch dat ganzt Duerf stoung hannert eis an huet et mat méiglech gemaach, dass mer dës Saison konnten an der Éierepromotioun spillen, fir déi éischte Kéier an der Veräinsgeschicht!

Leider konnte mer dës Saison net sou ofschléissen, wéi mer eis et erhofft hunn, dowéinst wollt ech iech ob dësem Wee nach eemol MERCI fir alles soen!

Ech si stolz, behaapten ze kënnen, 4 Joer fir sou e familiäre Club gespillt ze hunn an verloosse Weiler nëmme mat gudden Erënnerungen a ville flotte Momenter, déi mer zesummen erlieft hunn! Wënschen dem Veräin nëmmen dat Bescht fir d’Zukunft! Fir mech zielt et lo, mech perséinlech weider z’entwéckelen a mat engem neien Challenge dee nächsten Sprong a menger Karriär ze packen🍀

Merci,
äre Kev!

#HeiassWeiler🐝