An et ginn 2 weider Neizougäng am Dieltchen. Déi nächst Saison verstärken den Henrique da Silva Gomes an de Kenan Agovic d’Yellow Boys.

Den Henrique ass 37 Joer al, spillt an der Verteidegung a kënnt aus Brasilien. Hien huet 52 Matcher an der BGL Ligue fir de Racing gespillt. Do virdrun war hien zu Angoulême, Grenoble, Beauvais, Besançon, Rouen, Amnéville, Reims, Bleid a Botafogo. Hie koum bei 32 Matcher an der franséischer Ligue 2 zum Asaz.

Mam Kenan Agovic kënnt och e 17 Joer ale Golkipp op Weiler. De Kenan war am Summer vu Käl-Téiteng op Nidderkuer gewiesselt.