De Kader vun eiser éischter Ekipp fir déi nächst Saison hëlt weider Formen un. Mam Max Mangen a Kevin Hoffmann hu sech 2 Spiller entscheet, fir de nächste Schrëtt an hirer Karriär ze maachen. Allebéid wäerten en Dräijoreskontrakt zu Hueschtert ënnerschreiwen. Am Géigenzuch kënnt de Pascal Hurth, dee vun Hueschtert op Perl-Besch verléint gi war, op Weiler.

De Max (24 Joer) war zanter Januar 2016 zu Weiler. De Kev (22 Joer) zanter Juli 2016. Mir soen hinne villmools Merci fir déi flott Joren, déi mir zesummen zu Weiler verbruecht hunn a wënschen hinnen bonne Chance fir d’Zukunft.

De Pascal ass 25 Joer al, kënnt aus Däitschland an huet seng Qualitéiten an der Offensiv.