Nom Mohamed Ghaz an Admir Desevic (Matdeelung) kënnen d’Yellow Boys 2 weider Neizougäng fir déi nächst Saison vermellen.

Vu Suessem kënnt de Ricardo Santos op Weiler. De 25-järege Mëttelfeldspiller huet viru Suessem fir den CS Uewerkuer a Nidderkuer gespillt.

Och fix ass elo de Wiessel vum Siffedine Khemici, dee vu Mamer bei d’Yellow Boys wiesselt. De Siffedine ass 27 Joer al an huet nieft Mamer schonn zu Käerjéng a Monnerech gespillt.