Am Kader vun eiser éischter Ekipp fir déi nächst Saison ginn et éischt Changementer. Mam Admir Desevic a Mohamed Ghaz konnt de Veräin zwee nei Spiller rekrutéieren. Fort geet de Levy Rougeaux.

Den Admir Desevic ass 27 Joer al a kënnt vun der US Hueschtert bei eis. Laut transfermarkt.de huet hien 106 Matcher an der BGL Ligue gemaach. Nieft Hueschtert war den Admir nach 1 Saison op Mamer ausgeléint ginn (2016/2017).

De Mohamed Ghaz war virlescht Saison beim FC Swift Hesper, fir deen hien 25 Mol am Championnat zum Asaz koum. De Mohamed huet 28 Joer.

De Levy Rougeaux verléisst eis a geet bei Luna Uewerkuer. De 34-Järegen war virun 3 Joer op Weiler komm. Mir soen him villmools Merci fir déi flott Zäit, déi mer zesummen haten.