Um Dënschdeg huet d’FLF matgedeelt, wéi déi nächst 2 Saisonen an der Éierepromotioun wäerten ausgesinn. No Reklamatioune vun enger Rei Veräiner, goufe nach eemol Upassunge gemaach.

Vun de 14 Ekippen wäerten den 1. an 2. no deene 26 Championnatsmatcher an d’BGL Ligue opsteigen. Den Drëtten spillt de Barragematch géint den 13. (an déi Saison dono den 12.) aus der BGL Ligue.

Den 12., 13. a 14. (den 11. net méi) falen eraus a spillen déi Saison dono an der 1. Divisioun. Den 10. an 11. (de 9. net méi) mussen e Barragematch géint en Tabellen-2. aus der 1. Divisioun spillen. Wien do géint wie spillt, gëtt wéi ëmmer geloust.