De Jhemp Almeida spillt eng grouss Roll an der Geschicht vum FC Yellow Boys. Hien ass deen Trainer, deen de Veräin fir déi éischte Kéier an d’Éierepromotioun gefouert huet. An och dës Saison, déi duerch d’Corona-Pandemie gestoppt gouf, huet hien d’Zil, de Maintien, erreecht. Déi nächst Saison wäert de Jhemp awer net méi als Coach zu Weiler sinn. Grond genuch, sech mam 45-Järegen ze ënnerhalen.

Obligatoresch Fro an dësen Zäiten: Bass de gesond a monter?
Jo. Ech passen och op, net ze vill ënnerwee ze sinn, well ech och no menger Mamm a no mengem Papp muss kucken. D’Situatioun ass wéi se ass. Et huet ee kee Choix. Ech schaffe vun doheem aus, ka mäi Sport maachen … Et muss een einfach dat Bescht doraus maachen an et huet kee Wäert, sech opzereegen.

D’Saison huet jo e bësschen anescht opgehalen, wéi een dat hätt kënnen erwaarden.
E bësschen anescht net, well mir si jo drabliwwen, dat hate mer eis jo erwaart. (laacht)


De Maintien gouf op dës komesch Aart a Weis vum Saisonofbroch gepackt. Häss du d’Saison léiwer op en Enn gespillt?
Natierlech wiere mer léiwer iwwer de normale Wee drabliwwen. De Maintien war vun Ufank un eist Zil a noutfalls hätte mer dëse missen iwwer de Barragematch packen. Mir hunn d’Ekipp physesch a mental dorop virbereet. Elo si mer duerch dës exzeptionell Situatioun eben esou drabliwwen. Do kann ee jo näischt drun änneren. Weiler spillt nächst Saison an der Éierepromotioun. Elo muss d’Ekipp stabiliséiert ginn, fir dann dat nächst Joer iwwer de normale Wee dranzebleiwen.

Wat ass an dengen Aen dës Saison gutt gelaf a wat ass manner gutt gelaf?
Gutt fannen ech, dass ëmmer eng gutt Ambiance am Veräin war. De Club wosst vun Ufank un, dass et eng schwéier Saison géif ginn. D’Ekipp war och motivéiert. Well mer vill Spiller haten, déi nach ni op deem Niveau gespillt haten, hu si Zäit gebraucht, fir sech physesch a psychologesch unzepassen. Dat war net ëmmer einfach, mee e groussen Challenge. D’Ekipp war awer um gudde Wee. Si muss elo weider mam Kär schaffen fir dass et déi nächst Saison nach besser geet.

D’Transferten, déi fir dës Saison gemaach goufen, hu net sou richteg ageschloen an du hues praktesch misse mat der nämmlechter Ekipp spillen wéi an der 1. Divisioun.
Mir hate Pech, dass den Oskar Douty sech direkt schwéier blesséiert huet. Och de Paul Gomez an den Thomas Battaglia hu nach laang wéinst Blessure gefeelt. Mee vun eisen Transferten hate mer eis sécher méi erwaart. De Problem ass, dass de am Fussballmilieu ëmmer méi ofhängeg bass vun de Suen a Weiler ass a bleift e klenge Veräin, deen zwar Ambitiounen huet, mee du kriss ëmmer nëmme Spiller, déi fir dee klenge Budget kommen, deens de hues. Heiansdo muss een awer och Chance hunn. An d’Kontakter spillen eng grouss Roll. Dofir ass et gutt, dass de Johan Bellini déi nächst Saison Co-Trainer gëtt, well hie kennt vill Spiller, déi e gewësse Niveau hunn a villäicht kënnen op Weiler gelackelt ginn. Och de neien Trainer Änder Fiorani, dee vill Erfarung huet, bréngt villäicht déi néideg Verstäerkunge mat.

Et ass deng lescht Saison zu Weiler gewiescht. Dass grad déi esou op en Enn geet, ass bestëmmt batter, oder?
Nee, guer net. Et ass jo duerch eng Situatioun komm, déi net vu mir ofhänkt. Ech hat vill flott Joren mat vill Erfolleg am Pafendall an ech hat zu Weiler zwou flott Saisonen mat vill Erfolleg. Ech mengen, dat ass dat eenzegt, wat ee muss an Erënnerung behalen. Um Rescht kann een näischt änneren.

Firwat hues du decidéiert, fir Enn Saison zu Weiler opzehalen?
Ech hunn elo Loscht, aner Saachen ze maachen. Ech wëll méi Zäit mat menger Famill verbréngen, zum Beispill mat menger Schwëster hire Meedercher. Ech géif och gär mat Kolleegen an d’Vakanz fueren, wéini ech wëll. Ech wëll mer mat 60 Joer net virgeheien, alles fir de Fussball gemaach ze hunn a net dat erëmkritt ze hunn, wat ech mer erwaart hat. Dofir ass no 40 Joer Fussball de Moment komm, eppes anescht ze maachen.

Wäerts du dem Fussball net erhale bleiwen?
Net als Trainer. Dëse Milieu huet sech enorm verännert. An der Zäit ass et dorëms gaangen, Spaass ze hunn. Elo ass alles resultatsorientéiert. Ech wäert héchstens nach an enger zweeter Ekipp e bësschen fir de Spaass matkicken. Als Trainer maachen ech sécher ni méi eppes!

Ni méi?
Dat ass sécher. Ech hat virun annerhallwem Joer mam A-Schäin opgehalen, well ech wosst, dass ech geschwënn géif als Fussballtrainer ophalen.

Wäert een dech an Zukunft dann nach als Zuschauer zu Weiler gesinn?
Sécher! De Veräin huet mer eng Dauerkaart op Liewenszäit geschenkt. Dat war e ganz gudde Schachzuch, well zu Weiler wëssen se, dass ech ganz gär mat menge Kolleegen dohikommen, fir och an der Buvette zesummen eppes ze drénken. Dat wäert och an de nächste Joren sou bleiwen.

Villmools Merci fir zwou ganz flott Saisonen Jhemp a nëmmen dat Bescht fir d’Zukunft gewënscht.