No der éischter Saison an der Éierepromotioun, déi wéinst der Corona-Pandemie éischter op en Enn gaangen ass, wéi jiddereen geduecht hat, ass et nees un der Zäit, fir op d’Saison zréckzekucken.

An der Tabell waren d’Yellow Boys op déi 11. Plaz komm, dee gläichbedeitend mat enger Barrageplaz war. Wier et zu dësem Moment zu der Partie komm, hätt een nees missen géint Biissen spillen.

Nëmme fënnef Ekippe kruten an der Éierepromotioun manner Goler geschoss wéi d’Yellow Boys (24). Respekt un eis Ofwier an eis Golkipper! Eis Offensivspiller haten et méi schwéier. Nëmmen 13 Mol huet et am géigneresche Filet gerabbelt. Just den Tabelleleschten Miedernach hat nach manner Erfolleg (9).

Doheem hunn d’Yellow Boys 8 Punkte geholl (10. Plaz) an auswäerts 6 (11. Plaz).

Déi meeschten Asäz hat dës Saison eisen Ofwierspiller Andy Reuter. Hien huet all Match gespillt.

 

Déi meeschte Goler huet de Levy Rougeaux geschoss.

De Kinnék vun den Awiesslungen ass de Joel Teles.

Ganz oft ausgewiesselt gouf de Max Mangen.

Bei de Goler fir Weiler gëtt et statistesch näischt zréckzebehalen, bei de Géigegoler schonn: Direkt 8 Stéck sinn tëschent der 31. a 45. Minutt gefall.