Um Mëttwoch huet d’FLF matgedeelt, dass d’Saison an der Éierepromotioun wéi och an allen anere Ligen – ausser der BGL Ligue – wéinst der Corona-Pandemie net weidergefouert gëtt. Fir d’Yellow Boys, déi op der 11. Plaz stinn, bedeit dat, dass de Maintien gepackt gouf.

De nationale Fussballverband huet nämlech decidéiert, dass et keen Ofsteiger gëtt a keng Barragematcher gespillt ginn. Soss hätt d’Ekipp vum Trainer Jhemp Almeida nees missen de K.o.-Match géint Biissen, den Tabellenzweeten aus dem 1. Bezierk an der 1. Divisioun, spillen. An dësem Barragematch war d’lescht Joer zu Lëntgen jo den historeschen Opstig an d’Éierepromotioun gelongen.

Wat eis Seniors II/U23 a Jugendekippen betrëfft, wäert an de nächste Wochen nach e Communiqué vun der FLF kommen.