Well den Interessi un eise Video-Challengen ofhëlt, oder awer well d’Kanner keng Bäll méi wëllen :), hu mer eis fir dës Woch eppes anescht iwwerluecht. Sieft kreativ a schéckt eis e Bild, eng Foto oder e Video, deen eppes mat de Yellow Boys ze dinn huet.

Wichteg ass, dass Dir eis Äert Konschtwierk bis de Sonndeg um 18 Auer op concours@yellowboys.lu mailt an dass dës net méi grouss wéi 16 MB sinn. Villmools Merci. Bleift gesond. Hei ass Weiler!