Léif Frënn vum Weiler Fussball,

no der Ukënnegung vun eiser Regierung, dass bis den 31. Juli wéinst der Corona-Pandemie keng gréisser Manifestatiounen dierfen organiséiert ginn, hu mir schwéieren Häerzens missen d’Decisioun huelen, fir eis Vache qui flatte (14. Juni) an de Weili Cup (4./5. Juli) ofzesoen.

Wat d’Vache qui flatte ugeet, kënnt Dir awer Casen online kafen, well d’Spill wäerte mer ouni Zuschauer duerchzéien. -> https://yellowboys.lu/archives/21716

Och de Fussballcamp, deen an der Päischtvakanz zu Weiler sollt ofgehale ginn, fält aus.

Merci fir Ärt Versteesdemech an hoffentlech bis geschwënn. Bleift gesond!