An an dëser schwiereger Zäit geet et weider mat eisem Concours. Dës Kéier geet et ëm d’Jongléieren. Kuckt Iech am Video d’Instruktioune vun eisem Jugendkoordinator Lucien Pina Cruz un a maacht mat.

An hei ass eng Versioun fir eis méi jonk Spiller.

An d’Gewënner vun eisem Concours an der éischter Woch sinn de Jérémy Goebel, Vin Schmit a Ryck Rieffer. Si kréien all e Ball vun Adidas. An och beim zweeten Deel vum Concours ginn déi 3 Bescht vun der Jury belount. Also bleift doheem a maacht mat! Schéckt eis de Video op concours@yellowboys.lu. Hei ass Weiler!