An der aktueller Situatioun, an der sech eist Land wéinst dem Corona-Virus befënnt, ass et wichteg, de Mutt net ze verléieren a weiderhi Spaass ze hunn.

Eise Jugendkoordinator, de Lucien Pina Cruz, huet sech dofir en Challenge fir all d’Frënn vum Weiler Fussball iwwerluecht. Hien stellt Iech an enger Serie vu Videoen Aufgaben. Haut fänke mer mat eppes einfachem un, wéi Dir am Video gesitt.

Maacht mat a schéckt eis Äre Video bis e Sonndeg op concours@yellowboys.lu a gewannt en Adidas-Fussball. De Gewënner, dee mam originellste Video, kritt e Méindeg Bescheed gesot, wann de neie Video online geet. Dofir bleift wa méiglech doheem a maacht mat! Hei ass Weiler!