Eis Minimes I hunn um Samschdeg en Testmatch géint d’Jeunesse mat 3:0 gewonnen. An der Paus stoung et 2:0.

“D’Jongen hu super gekämpft an de Ball och phaseweis ganz gutt lafe gelooss. Frou sinn ech fir de Colin, dee no 5 Méint erëm konnt déi éischte Kéier dobäi sinn”, sou den Trainer Tom Wagner.