Eis Seniors II/U23 sinn um Freidegowend aus der Coupe ausgescheet. An der Aachtelsfinall gouf et eng 2:4-Defaite géint d’Jeunesse Esch.

Déi éischt Hallschent ass fir Weiler net sou schlecht verlaf. No engem Corner vum Marco di Bari huet en Escher de Ball am eegene Gol ënnerbruecht. D’Säite sinn dono mat engem 1:0 fir d’Yellow Boys gewiesselt ginn.

No 49 Minutten war Weiler du just nach zu 10, well den David Lopes vum Terrain gesat ginn ass. Den 1:1 huet d’Jeunesse duerch en Abseitsgol geschoss an d’2:1-Féierung ass deenen Escher duerch e Kappball gelongen. Mee d’Ekipp vum Trainer Orlando da Rocha huet net opginn a konnt no engem Fräistouss vum Thomas Battaglia, deen den Tom Nennig eragekäppt huet, ausgläichen (2:2).

An der Schlussphas war et dunn awer de Lëtzebuerger Rekordmeeschter, deen d’Chance op senger Säit hat. 2 Goler sollten deenen Escher nach geléngen.