Eis éischt Ekipp huet um Dënschdegowend eng duerchwuesse Leeschtung am Testmatch géint Stengefort aus der 1. Divisioun gewisen an dëse mat 1:3 verluer.

Géint den Opsteiger louch Weiler an der Paus mat 0:2 hannen. Stengefort war méi agressiv a méi schnell am Spill. En Eelefmeter an e Konter hunn zum 0:2-Réckstand gefouert. D’Yellow Boys haten 3 gutt Aktiounen, mee de leschte Geste war ebe net ëmmer dee gudden 😉. An der 2. Halschent sinn d’Yellow Boys besser an de Match komm, si ware méi agressiv an hunn d’Spill gemaach. Si hu sech 2 Golchancen an 10 Minutten erschafft an dovunner eng duerch de Levy Rougeaux erageschoss. Och dono hat Weiler nach 3 gutt Golchancen, mee an der 89. Minutt huet Weiler nach e Selbstgol kasséiert.