Eise Pupilles-Spiller Moris Steil hat an der Tombola vum Weili Cup 2019 zwee Entréesticket’en fir de Bundesligamatch Bayern München – RB Leipzig gewonn. Leschte Sonndeg war de groussen Dag dunn endlech do. Hei e puer Impressiounen vum Match, an deem zwar leider keng Goler gefall sinn, deen awer sécherlech als flott Erliefnes an Erënnerung wäert bleiwen.