Eis Bambinis hunn um Sonndeg um Halenturnéier zu Kanech deelgeholl. Si hunn 2 Mol gläichgespillt an 3 Mol verluer. Am Klassement si se déi 5. vu 6 ginn.

“Mir ware leider nëmmen zu 6 well der 2 kurz virum Turnéier ofgespronge sinn. D’Jongen haten awer vill Spass an hu sech gutt druginn. E puer Spiller hu na net vill Matcher gespillt oder si na ni zum Asaz komm gewiescht. D’Yellow Kids waren dono gutt mitt an déck frou ob hir Medaile. Merci och den Elteren fir hir Ënnerstëtzung. Et war e ganz flotte Nomëtteg”, sou den Trainer Sylvain Steil.